Omloop Het Nieuwsblad vun den DammenNina Berton kënnt bei Victoire vum Demi Vollering op déi 9. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Beim Omloop Het Nieuwsblad vun den Dammen ass d'Nina Berton de Mëtteg op déi excellent 9. Plaz gefuer.
© AFP (Archiv)

No 137,2 Kilometer Course konnt sech d’Hollännerin Demi Vollering am Sprint géint d’Polin Kasia Niewiadoma duerchsetzen. Mat engem Retard vun 21 Sekonne war et am Sprint vum éischte Verfollgergrupp d’Hollännerin Lorena Wiebes, déi sech déi drëtte Plaz sécheren. An deem Grupp war och d’Nina Berton dobäi a konnt op dëser World-Tour-Course vun den Dammen iwwerzeegen. Fir d’Gwenn Nothum war et um Enn déi 82. Plaz mat engem Retard vu 7 Minutten an 43 Sekonnen.

D’Resultater vun der Dammecourse

1 Vollering Demi FDJ United - SUEZ 3:35:51
2 Niewiadoma Kasia CANYON//SRAM zondacrypto ,,
3 Wiebes Lorena Team SD Worx - Protime +0:21
4 Ferguson Cat Movistar Team ,,
5 Koch Franziska FDJ United - SUEZ ,,
6 Swinkels Karlijn UAE Team ADQ ,,
7 Bossuyt Shari AG Insurance - Soudal Team ,,
8 Couzens Millie Fenix-Premier Tech ,,
9 Berton Nina EF Education-Oatly ,,
10 Paternoster Letizia Liv AlUla Jayco ,,

Back to Top
CIM LOGO