CyclissemAndy a Fränk Schleck sinn zeréck op der World Tour

RTL Lëtzebuerg
Richteg fort waren se ni. Ma nodeems d’Gebridder Schleck 2014, respektiv 2016 als Vëlosprofi opgehalen hunn, si se dës Saison zeréck op der World Tour.
D'Gebridder Schleck sinn nees zereck bei Lidl-Trek
Souwuel den Andy wéi och de Frank Schleck hunn allebéid nei Poste bei hirer aler Ekipp ugetrueden.

Mat engem eegene Vëlosbuttek, als Sportkoordinator am Verband, als Organisateur vun engem Gran Fondo oder dem Tour de Luxembourg, och mat enger Fraenekipp oder am Ëmfeld vum Tour de France waren den Andy a Fränk Schleck och no hirem Récktrëtt 2014, respektiv 2016, weider am Vëlossport ganz aktiv.

Dës Saison si se elo als stellvertriedende Geschäftsféierer, respektiv Directeur Sportif, am Fraenteam vu Lidl-Trek aktiv.

Zesumme mam Fabian Cancellara ware si jo d’Häerz vun der Ekipp, déi zu Lëtzebuerg gegrënnt an als Leoparden am Januar 2011 an der Coque präsentéiert gouf. Zanterhier hätt sech de Vëlossport immens entwéckelt, bei der Technik a grad och bei den Dammen.

Ma nach ëmmer gewënnt, wien am beschten an d’Pedallen trëppelt.

Back to Top
CIM LOGO