Strade BiancheTadej Pogacar wënnt no Solo iwwer 78 Kilometer, 49. Plaz fir de Kevin Geniets

RTL Lëtzebuerg
Bei der 20. Editioun vun der Strade Bianche stoungen e Samschdeg ronn 200 Kilometer duerch d'Toskana um Programm.
© LUCA BETTINI / POOL / AFP

An och dëst Joer war et nees eng Muechtdemonstratioun vum Weltmeeschter Tadej Pogacar. Änlech wéi bei der Editioun vun 2024, bei där hien déi lescht 81 Kilometer eleng un der Spëtzt war, ass dem Slowen dëst Joer nees eng laang Solo-Victoire gelongen. Donieft ass et dem Pogacar säi 4. Succès bei dëser Course, woumat hien elo eleng Rekordgewënner ass.

Ronn 80 Kilometer virun der Arrivée hat sech ee klenge Favorittegrupp um Monte Sante Marie vum Peloton ofgesat. Nieft dem Pogacar waren ënner anerem och säi Coequipier Isaac del Toro, den Thomas Pidcock, de Paul Seixas an de Matteo Jorgenson mat dobäi. De Pogacar huet direkt weider acceleréiert a konnt seng Konkurrenten e puer Kilometer drop alleguerten hannert sech loossen, wouropshin hien an der Suite och net méi anzehuele war. Um Enn hat de Pogacar eng confortabel Avance vun enger Minutt.

Och hannendru goufen et bis op d’Zillinn keng grouss Changementer méi. 17 Kilometer viru Schluss hu Seixas an del Toro de Rescht vum Verfollgergrupp hannert sech gelooss a sech esou en Zweekampf ëm d’Plazen 2 an 3 geliwwert, deen de 19 Joer jonke Seixas um Enn fir sech entscheet huet.

Donieft ware mam Kevin Geniets, Luc Wirtgen a Mathieu Kockelmann och dräi Lëtzebuerger Coureuren um Depart. De Kevin Geniets huet et mat engem Retard vun 10 Minutten a 15 Sekonnen op déi 49. Plaz gepackt. De Luc Wirtgen an de Mathieu Kockelmann sinn d’Course net bannent dem Zäitlimitt op en Enn gefuer.

D’Top 10

1 Pogacar Tadej UAE Team Emirates - XRG 4:45:15
2 Seixas Paul Decathlon CMA CGM Team 1:00
3 Del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 1:09
4 Grégoire Romain Groupama - FDJ United 2:04
5 Vermeersch Gianni Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
6 Christen Jan UAE Team Emirates - XRG 2:07
7 Pidcock Thomas Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 2:14
8 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 2:20
9 Kron Andreas Uno-X Mobility 3:46
10 van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
...
49 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 10:15

Back to Top
CIM LOGO