Schonn zu Iechternach, bei den nationale Meeschterschaften am Sprinttriathlon, gouf de Sebastian Zieckmann Éischten a kuerz duerno Junioreuropameeschter. D’Linda Krombach gouf Éischt bei den Dammen a Fënneft bei de Juniorseuropameeschterschaften.
Souwuel Iechternach wéi och Wäiswampech sinn d’Spigelbild vun der intensiver an effizienter Trainingsaarbecht, déi d’Federatioun an Zesummenaarbecht mat de Veräiner leescht.
Um Wämpertriathlon waren eis bescht Triathleten an Triathletinnen net um Depart. Si preparéiere sech zu Avoriaz a Font-Romeu op d’Weltmeeschterschaft, déi Enn September a Spuenien stattfënnt.
Den Theo Marti ass als Éischten aus dem Waasser geklommen a huet probéiert, seng Avance um Vëlo ze halen. Et sollt awer net duergoen, fir de franséischen Triathlet Dieter Boeyer ze schloen.
D’Anna Reiff gouf Championne bei den Dammen a schéngt Spaass un de laangen Distanzen ze hunn.
Et kann ee gespaant sinn, wéi eis bescht Triathleten an Triathletinnen an engem Mount bei der Weltmeeschterschaft ofschneide wäerten.