Futtball-WM-QualifikatiounKatar, e sportlech attraktive Géigner fir d'Rout Léiwen

RTL Lëtzebuerg
De Katar hëlt wuel net un der Quali. fir d'WM 2022 am eegene Land deel. Ma fir Frëndschaftsmatcher ass et een interessante Géigner, sou den FLF-President.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

Zanter e Méindeg ass gewosst, géint wien d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 am Katar muss untrieden. Nieft Portugal, Serbien, Irland an dem Aserbaidjan ass nodréiglech mam Katar eng weider Ekipp dobäikomm. Fir de President vun der FLF Paul Philipp ass dat duerchaus een attraktive Géigner.

Paul Philipp iwwer Matcher géint Katar / Rep. Lynn Kayser

Doduerch, datt d’Rout Léiwe bei der Auslousung fir d’Qualifikatioun fir d’WM 2022 am Katar an eng engem 5er- an net an engem 6er-Grupp gelant sinn, hätte si souwisou zwee Frëndschaftsmatcher missen op de virgesinne Rendez-vouse spillen. Mam Katar steet de Géigner elo fest an dat ass net dee schlechtsten, sou de President vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun Paul Philipp.

“Déi däerf ee guer net ënnerschätzen. Si sinn Asiemeeschter. Mir wësse jo, et ass eng Ekipp, wou villes méiglech ass, dass ee villäicht och heiansdo de Pass méi schnell kritt wéi op anere Plazen. Mä et ass eng gutt Ekipp, déi natierlech och doheem op der Weltmeeschterschaft eppes wëll weisen.”

Wichteg ass ze betounen, datt och wann de Katar jeeweils zwee Matcher géint all Ekipp aus dem Grupp A spillt, et keng Punkten ze huele gëtt.

“Dat ass am Fong geholl e Frëndschaftsmatch, dass si kënne spillen. Hiren Heemmatch gëtt net am Katar gespillt, dee gëtt hei anzwousch an Europa gespillt. Eisen Heemmatch spille mir wuel zu Lëtzebuerg géint de Katar. Mä wéi gesot, et si Frëndschaftsmatcher. Si spille géint all Ekipp aus dem Grupp Aller/Retour. Si wäerte warscheinlech och inoffiziell am Klassement gefouert ginn, mä et zielt absolutt net zu der Kompetitioun.”

An Europa ass de Katar net déi éischt Ekipp, déi an der Qualifikatiounsgrupp ouni Konkurrenz untrëtt. Frankräich ass bei der EM 2016 am eegene Land deen nämmlechte Wee gaangen. Fir den FLF-President ass et just wichteg, datt d’Frëndschaftsmatcher keen negativen Afloss op d’Qualifikatiouns-Partië vun de Roude Léiwe wäerten hunn.

“Ech fannen et u sech absolutt keng schlecht Iddi, fir emol eng Kéier géint Ekippen ze spillen, déi ee soss warscheinlech net erofkritt hätt. A vun dohier fannen ech et eng gutt Iddi. Et muss een eben elo kucke mat den Deplacementer, mat den Datumer, dass et net der richteger Qualifikatioun schued.”

D’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz start dann och direkt mam Match géint de Katar. Dëse gëtt de 24. Mäerz gespillt. Wou genee an Europa steet den Ament nach net fest.

RTL-Artikel (8.12.2020): Futtball-WM-Qualifikatioun: De Katar gëtt an d’Grupp A bei Lëtzebuerg bäigesat
RTL-Artikel (8.12.2020): Futtball-WM-Qualifikatioun: Éischten Heemmatch den 30. Mäerz géint Portugal
RTL-Artikel (7.12.2020): Futtball-WM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg ë.a. géint Portugal; gemëschte Gefiller bei Luc Holtz

Back to Top
CIM LOGO