Futtball-WM-QualifikatiounÉischten Heemmatch den 30. Mäerz géint Portugal

RTL Lëtzebuerg
De Kalenner vun de Matcher am Kader vun der WM-Qualifikatioun 2022 gouf um Dënschdeg den Owend verëffentlecht.

Lëtzebuerg spillt an der éischter Partie de 24. Mäerz auswäerts géint den Qatar.

3 Deeg drop geet et fir d’Rout Léiwen an Irland.

Den 30. Mäerz ass de grousse Rendez-vous hei am Land géint den Europameeschter Portugal. Dat heescht de Stéchdatum op deem den neie Stadion op der Cloche d’Or am beschte Fall fäerdeg sollt sinn, ass deemno Enn Mäerz.

Duerno geet et am September weider. Den 1. spillt d’Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz heiheem géint den Aserbaidschan. Portugal-Lëtzebuerg ass den 12. Oktober, an dee leschte Match vun dëser Qualifikatioun hunn d’Rout Léiwen den 14. November heiheem géint Irland.

De Qatar gouf an de Grupp A bäigesat

Back to Top
CIM LOGO