
Bei der 53. Editioun vun der Karate-Europameeschterschaft vun de Cadeten, Junioren an den U21, gouf et bei der Lëtzebuerger Delegatioun Grond ze feieren. Den Alexander Davies konnt sech hei nämlech bei den U21 an der Kategorie iwwer 84 Kilo den Europameeschtertitel sécheren. Hie konnt sech géint Géigner aus Rumänien, Montenegro, Frankräich, der Belsch an der Ukrain duerchsetzen.
D’Lana Jadin an de Lucas Chaffort kommen an hire respektive Kategorien op déi 9. Plaz.