ÉisträichMat engem Mount Retard fänkt dësen Donneschdeg d'Skisaison un

RTL Lëtzebuerg
Awer nach laang net iwwerall a fir jiddereen, an ënnert strengen Hygiènesmesuren, zum Beispill mat FFP2-Masken an der Gondel.

Déi gëtt jidderengem iwwer 14 Joer virgeschriwwen. FFP2-Masken schützen ee jo och selwer virun enger Iwwerdroung mam Virus.

Vum Terrain gëtt et awer och Kritik well d’Mesure schwéier ze kontrolléiere wier. Ischgl, vun wou aus de Coronavirus am Februar a ganz Europa gedroe gouf, léisst seng Pisten a Lifter awer zou. Déi Responsabel hu sech géint de Start vun der Saison decidéiert well ee sou no bei der Schwäiz ass. Wien an d’Schwäiz eriwwerfiert, misst duerno an Éisträich a Quarantän. Där heikler Situatioun wéilt ee sech awer net aussetzen.

Back to Top
CIM LOGO