BGL LigueMatch tëscht Progrès Nidderkuer a Racing wéinst Corona-Fäll verréckelt

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes deelt d'FLF e Méindeg de Moie mat, dass de Match tëscht Nidderkuer a Racing, dee fir den 21. August virgesi war, muss verréckelt ginn.
Match tëscht Progrès Nidderkuer a Racing wéinst Corona-Fäll
An engem Schreiwes deelt d'FLF e Méindeg de Moie mat, dass de Match tëscht Nidderkuer a Racing, dee fir den 21. August virgesi war, muss verréckelt ginn.

Ënnert de Spiller an dem technesche Staff vu Racing goufen e puer positiv Fäll gemellt. Alleguerten d'Spiller a Membere vum Staff musse bis den 22. August a Quarantän. Wéini dëse Match nogespillt gëtt, ass nach net gewosst.

Dem FLF-President Paul Philipp no kann een net ausschléissen, datt an den nächste Wochen net weider Fäll dobäi kommen.

Optakt wéinst Coronavirus ofgesot

Well de Weekend och de Seniors Championnat ugoe soll, kéint een net ausschléissen, dass nach weider Fäll géingen dobäi kommen, sou de Paul Philipp. Et wier awer de Wee, deen ee wéilt goen an et misst ee mam Virus liewen, wat net heescht, dass een net muss déi néideg Precautiounen huelen. Et wier eppes wat een alleguer nach misst léieren, sou den FLF-President. Et misst een elo dat bescht draus maache mä et wier kloer, dass esou Fäll wéi beim Racing nach géinge komme soulaang keen Impfstoff do wier.

PDF: Schreiwes FLF (17.8.20)

Back to Top
CIM LOGO