
Nom éischten Duerchgang louch d’Mikaela Shiffrin hauchdënn vir. D’US-Amerikanerin hat eng minimal Avance vun 0,02 Sekonnen. Op der drëtter Plaz louch d’Katharina Liensberger aus Éisträich, dat mat engem Retard vun 0,32 Sekonnen. Eng vun de Favoritinnen op d’Victoire, d’Petra Vlhova aus der Slowakei, huet schonns bal eng Sekonn verluer am 1. Laf.
Am zweete Laf konnt d’Vlhova sech dunn awer däitlech verbesseren. Um Enn ass fir si déi 4. Plaz erausgesprongen. D’Mikaela Shiffrin ass am 2. Duerchgang awer net méi esou gutt doduerch komm. Si ass op déi 3. Plaz zeréckgefall. D’Michelle Gisin huet um Enn gewonnen, dat virum Katharina Liensberger.