
Fir Waasland-Beveren gouf et auswäerts eng 0:3-Néierlag géint Gent. Den Danel Sinani souz bei de Gäscht déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Donieft huet de Standard vu Léck sech misse mat 1:2 zu Courtrai geschloe ginn. De Laurent Jans stoung fir Léck déi 90 Minutten iwwer um Terrain an huet an der 79. Minutt déi Giel Kaart gesinn.
An der Tabell steet Léck aktuell op der 8. Plaz a Waasland-Beveren sinn déi 15..
Zwee vun de Lëtzebuerger waren en Dënschdeg am Asaz. De Leandro Barreiro um Terrain bei Mainz, de Jeff Saibene un der Säitelinn vu Kaiserslautern.
An der drëtter Liga hat den FC Kaiserslautern d’Léiwen aus München op Besuch. Mat enger Victoire hätt den FCK kéinten op alle Fall emol provisoresch d’Ofstigsplaze verloossen. Ma schonn an der Paus louche si 0:2 hannen an haten no der rouder Kaart vum Bachmann och nach e Spiller manner. Si konnten an Ënnerzuel nach dogéint halen, ma de Mölders konnt 1860 an der 80. Minutt op 3:0 a Féierung bréngen an esou d’Néierlag vun der Ekipp vum Jeff Saibene nach méi héich ausfale loossen.
An der Startformatioun vu Mainz 05 stoung de Leandro Barreiro beim Match zu Berlin géint d’Hertha. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung 90 Minutten iwwer um Terrain. Am Match ass fir Mainz 1 Punkt erausgesprongen, dee si awer net aus dem Keller vun der Tabell erausbréngt.