
Eigentlech war déi polnesch Ekipp ronderëm Kubacki a Stoch vun der Véierschanzentournée ausgeschloss ginn, nodeems de Klemens Muranka positiv op de Coronavirus getest gi war. Déi ganz Ekipp huet mussen a Quarantän. E Méindeg den Owend konnten déi polnesch Schisprénger awer en negative Coronatest virweisen, a goufen deemno awer nees fir d’Competitioun zougelooss, woumat den Dawid Kubacki dann elo awer d’Chance kritt, säin Titel eventuell ze verdeedegen.
Den Optakt vum Schisprangen zu Oberstdorf ass en Dënschdeg um 16.30 Auer.
De Vainqueur am General steet dann de 6. Januar nom Sprangen zu Bischofshofen fest.