Roland GarrosOut fir Nummer 1 vun der Welt - Ashleigh Barty huet missen opginn

RTL Lëtzebuerg
Bei de French Open bei den Dammen huet en Donneschdeg de Mëtteg d'Nummer 1 vun der Welt wéinst enger Blessur missen opginn.
© AFP

D’Titelverdeedegerin Ashleigh Barty hat géint d’Polin Magda Linette den éischte Saz mat 1:6 verluer an am zweete Saz stoung et 2:2, wéi si opginn huet. Domat gëtt d’Feld vun de Favoritinnen op den Titel zu Roland Garros ëmmer méi dënn.

Virun allem well och d’Nummer 10 vun der Welt en Donneschdeg eliminéiert gouf. D’Karolina Pliskova huet sech mat 5:7 an 1:6 géint d’Sloane Stephens misse geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO