
11 Ekippen si vum 3. bis den 8. Dezember ugetrueden, fir ënnert sech de Gewënner vun der Champions League am Dammendëschtennis auszemaachen.
Nodeems Saint-Quentin en Donneschdeg deen éischte Match géint Villach gewanne konnt, war e Freideg géint Hodonin eng weider Victoire dobäi komm.
E Méindeg goung et mat den Halleffinalle weider. Hei huet sech Saint-Quentin allerdéngs ganz knapps mat 2:3 géint Linz misse geschloe ginn. D’Ekipp vu Linz mat ënnert anerem de staarken Europäerinne Sofia Polcanova a Bernadette Szocs waren ze staark. D’Sarah de Nutte huet hire Match mat 1:3 géint d’Liu Jia verluer.
Op Säite vu Saint-Quentin konnt d’Polina Mikhailova déi zwee Matcher gewannen.