Verdacht op SteierhannerzéiungPlainte géint WM-Organisateuren duerchgaangen

RTL Lëtzebuerg
Och wann et schonn eng Zäit hier ass, huet d'Oberlandesgeriicht Frankfurt am Main elo decidéiert, d'Plainte géint d'WM-Organisateure vun 2006 unzehuelen.

De Summermäerche-Skandal vun 2006 ëm d'Fussball-Weltmeeschterschaft an Däitschland lieft erëm op. Um Méindeg ass um Oberlandesgeriicht  Frankfurt am Main decidéiert ginn, d'Plainte géint 4 fréier Fussball-Fonctionnairen unzehuelen. Dës war am Virfeld schonn eng Kéier vum Landesgeriicht refuséiert ginn. Et géinge genuch Beweiser virleien, dass déi Ugekloten a Steierhannerzéiung verwéckelt wieren.

De Parquet vu Frankfurt hat am Mee 2018 déi fréier DFB-Presidenten Theo Zwanziger a Wolfgang Niersbach, de fréieren DFB-Generalsecretair Horst Schmidt an de fréiere Fifa-Fonctionnaire Urs Linsi ugeklot. Den Hannergrond vun der Saach läit doran, dass de WM-Organisatiounscomité vum däitsche Fussballbond ënnert dem Franz Beckenbauer dem Fussballweltverbond Fifa 6,7 Milliounen € fir e Kulturprogramm bezuelt soll hunn, wat et ni ginn ass.

D'Prozedur gëtt um Landesgeriicht Frankfurt ofgehalen. Dëst hat eng éischt Prozedur fale gelooss, de Parquet vu Frankfurt hat méi Erfolleg a krut d'Plainte duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO