
Um Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg goufen a Spuenien d'Véierelsfinallen an der Copa del Rey gespillt. Hei konnt sech Mirandes, Granada a Real Sociedad a Bilbao behaapten.
Et sollt net esou kommen, wéi een et erwaart huet. Doheem huet den aktuelle Leader a Spuenien Real Madrid dierften an der Coupe géint den 8. aus der spuenescher Liga untrieden. An der éischter Hallschent ass net vill passéiert, ausser e Gol vum Odegaard, deen ebe vu Real Madrid ausgeléint gouf, an der 22. Minutt. Mat deem Score ass et dann och an d'Paus gaangen.
Ma nom Säiteweissel huet Sociedad nach besser an de Match fonnt, dat a Form vum Isak, deen an der 54. den 2:0 a souguer 2 Minutte méi spéit den 3:0 markéiert huet. Fir d'Madrillenen huet de Marcelo an der 59. Minutt verkierzt an nom 4:1 vum Merino an der 69. huet villes no enger sécherer Victoire fir d'Ekipp aus San Sebastian ausgesinn. An der 81. schéisst awer dunn de Rodrygo de 2:4 fir seng Faarwen an de Nacho konnt an der 93. Minutt nach den Uschloss markéieren. Sociedad huet zum Schluss zwar nach missten zidderen, ma si hu sech schlussendlech awer bei de favoriséierte Kinneklechen duerchgesat.
Och de groussen FC Barcelona huet sech an dëser Ronn vun der Coupe ganz schwéier gedoen. D'Ekipp, déi bekannt fir hiren Offensivfuttball ass, huet de Ball géint Bilbao einfach net iwwert d'Linn kritt. An esou ass ee Gol dem 9. aus der LaLiga duergaangen, fir sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren. Dësen huet de Williams an der 93. Minutt markéiert an esou Barcelona wéineg Chance gelooss, fir nach eng Kéier zeréckzekommen.
En Dënschdeg huet den 10 an der spuenescher Liga, den FC Granada, sech beim 5. aus Valencia duerchgesat, dat mat engem 2:1. De Soldado hat si schonn no 3 Minutten a Féierung bruecht, ma kuerz virun der Paus konnt de Rodrigo ausgläichen. Den entscheedende Gol ass dunn an der 94. Minutt gefall, wéi nees de Soldado, dëst d'Kéier vum Eelefmeterpunkt, verwandele konnt.
Den Dag dono ass dunn de 7. aus der LaLiga, Villarreal, iwwert den CD Mirandés gefall. D'Ekipp, déi aktuell op der 11. Plaz an der zweeter spuenescher Divisioun steet, konnt doheem mat 4:2 sech duerchsetzen. Fir si getraff hunn den Alias (17'), d'Merqelenaz (45'+3), Onaindia (58') a Sanschez (90'+2). Den Ontiveros (32') an de Cazorla (56') hu fir Villarreal markéiert.