Télé, Radio, InternetRTL erneiert Engagement mam COSL a séchert sech d'Rechter fir Tokio 2021

RTL Lëtzebuerg
Déi verschidde Medie vun RTL couvréieren ënner anerem d'Optrëtter vun de Lëtzebuerger Athleten bei den olympesche Spiller am Summer dat anert Joer.
RTL erneiert Engagement mam COSL
Déi verschidde Medie vun RTL couvréieren ënner anerem d’Optrëtter vun de Lëtzebuerger Athleten bei den olympesche Spiller am Summer dat anert Joer.

Dernieft gëtt dat Partenariat tëscht RTL an dem COSL 4 Joer verlängert bis d’olympesch Spiller 2024 zu Paräis.

De Wëlle vum IOC an Tokio fir d’nächst Joer d’Olympesch Spiller duerchzezéien, ass op alle Fall grouss. Am Moment sinn et 4 Lëtzebuerger Athleten, déi d’Olympianorm gepackt hunn. Ni Xia Lin, Bob Bertemes, Rapahael Stacchiotti an Nicolas Wagner heesche se. De Problem fir Anerer ass et, lo nach Kompetitiounen ze fannen, wou eng Qualifikatioun méiglech ass.

Wann alles klappt, wieren dës Kompetitioun am Mee/Juni, dat heescht kuerz virun Olympia a se misste fir all d’Länner accessibel sinn, fir dat och jiddereen déi selwecht Chancen huet a fir déi, wou et d’lescht Joer net gepackt haten, kéint et da jo eventuell am 2. Ulaf klappen.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

PDF Schreiwes COSL

Back to Top
CIM LOGO