
Beim zweete Grand-Slam-Tournoi vum Joer gouf et en Dënschdeg eng weider Iwwerraschung. Am éischten Tour gouf den Andrej Rublev (ATP 7) iwwerraschend vum Jan-Lennard Struff (ATP 42) eliminéiert.
Den 31 Joer alen Däitschen huet sech a 5 Sätz mat 6:3, 7:6 (8:6), 4:6, 3:6, 6:4 géint deen op Nummer 7 gesate Russ behaapt.