
Well d’Fans vum saudesche Ligakonkurrent Al Shabab “Messi, Messi” a Richtung vum 39 Joer ale Portugis geruff hunn, huet sech dëse bei der 3:2-Victoire vun Al-Nassr zu engem kontroverse Geste am Beräich vu sengem Schrëtt hiräisse gelooss. De Geste war an der Tëleesdiffusioun net ze gesinn, trotzdeem ginn am Internet Videoe vum Virfall verbreet, dee fir vill Diskussiounen a Saudi-Arabien suergt. De Ronaldo ha do virdrun per Eelefmeter e Gol geschoss.
Besonnesch bei Präisser fir individuell Leeschtungen am Futtball, gëllt den Argentinier Lionel Messi als laangjärege Rival vum Cristiano Ronaldo.