Schi Alpin - DescenteSchwäizer Beat Feuz wënnt op der "Streif"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg war zu Kitzbühl déi wuel berüümtsten Descente am Schi Alpin - d'Streif.
© AFP (Archiv)

Mat der Startnummer 5 ass de Beat Feuz un den Depart gaangen an de Schwäizer huet eng Zäit realiséiert, déi kee méi ënnerbidde konnt. De Matthias Mayer aus Éisträich koum op déi zweete Plaz. De Podium gouf komplettéiert vum Italiener Dominik Paris.

D’Course war dotëscht dann och e puer Mol ënnerbrach, dat well eng Partie Athlete gefall waren. Eng Chute war méi uerg an zwar déi vum Urs Kryenbühl. De Schwäizer ass beim Zilsprong bei enger Vitess vun 147 km/h gefall an huet mam Helikopter missen an d’Spidol bruecht ginn. Do goufen eng Gehirnerschütterung, e Broch vum rietse Schlësselbeen an e Rass vum Kräizband diagnostizéiert.

Bei den Dammen huet sech iwwerdeems d’Sofia Goggia zu Crans Montana bei schwierege Wiederkonditiounen d’Victoire an der Descente geséchert. Mat hirem drëtten Erfolleg an dëser Saison vergréissert si hir Féierung an dëser Disziplin. Hannert dem Goggia sinn d’Ester Ledecka aus Tschechien an d’Breezy Johnson aus den USA och nach op de Podium gefuer. Si haten e Retard vun 20 respektiv 57 Honnertstel.

Kee gudden Dag war et iwwerdeens fir d’Éisträicherinnen. D’Stephanie Venier ass no engem technesche Feeler gefall, si hat wéi et schéngt Gléck an huet sech wuel net schlëmmer blesséiert. Méi uerg hat et schonn e Mëttwoch hir Teamkolleegin erwëscht. D’Nina Ortlieb huet sech bei enger Chute schwéier um rietse Knéi blesséiert. Fir déi 24 Joer al Sportlerin ass dës Saison eriwwer.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO