Nations LeagueSpuenien klappt England, och d'Schwäiz start mat Victoire

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg war den éischte Spilldag vun der neier Nations League. Finnland huet San Marino beim 7:0 keng Chance gelooss.
© BEN STANSALL/AFP

An der Liga C, der Liga vun de Lëtzebuerger, huet Finnland San Marino mat 7:0 iwwerrannt. D'Skandinavier stinn domat un der Spëtzt vun der Grupp 1. An der selwechter Grupp huet Albanien 1:0 géint Wäissrussland gewonnen.

No der Victoire géint Bulgarien ass Lëtzebuerg Tabellenéischte vun der Grupp 4. Dat och, well Estland an Island 1:1 gedeelt hunn.

Liga B

Mat der Schwäiz, Schottland, Éisträich a Schweden si véier Ekippen, déi sech fir d'Weltmeeschterschaft 2026 qualifizéiert haten, an dëser Liga dobäi. Bis op Schottland sinn si alleguer mat enger Victoire an déi nei Campagne gestart.

D'Schwäiz huet Nordmazedonien 3:0 geklappt, Éisträich war Israel 3:1 iwwerleeën a Schweden huet sech 2:1 géint Rumänien duerchgesat. Schottland huet mat Slowenien d'Punkte gedeelt.

Liga A

Frankräich an d'Belsch hunn hir éischt Matcher an der Grupp 1 gewonnen. D'belsch Noperen hunn Italien doheem 2:0 geklappt, wärend sech Frankräich beim 1:0 an der Tierkei schwéier gedoen huet.

En Donneschdeg war Däitschland mat engem 1:1 géint Holland an d'Nations League gestart. Holland konnt eréischt an de leschte Minutte fir den Ausgläich suergen. Griicheland huet an der Grupp 2 säi Match géint Serbien gewonnen (2:1).

De Weltmeeschter Spuenien huet sech am Duell mat England 3:2 behaapt. Dobäi si Yamal a Co engem Réckstand hannendru gelaf, si konnten de Match awer nach dréien. An der selwechter Grupp huet Kroatien 2:1 géint Tschechien gewonnen.

An der Grupp 4 hunn Norwegen a Portugal jeeweils Victoirë gefeiert. D'Skandinavier hu sech 3:2 géint Dänemark behaapt, woubäi den Erling Haaland zwee Goler geschoss huet. D'Portugisen hunn hirem neien Trainer Jorge Jesus beim 1:0 géint Wales och dräi Punkte geschenkt.


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO