
Den 19 Joer ale Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller, aktuell drëttbeschte Buteur an der drëtter franséischer Divisioun, seet, am Artikel, datt hien absolut keng Regreten huet, sech vum FC Metz op Pau ausléine gelooss ze hunn.
Den Ex-Trainer vum FC Pau, Raffaelle Novelli, seet, datt hien den Thill, dee méi räif ginn ass an dee säi Pleséier um Futtball erëmfonnt huet, ouni ze zécken an der Ligue 1 oder an der Ligue 2 vun Ufank u géif spille loossen.