Enn August sollt den Tom Habscheid bei de Paralympics zu Tokio untrieden. Dem 33 Joer ale Liichtathlet säin Draam ass eng Medail. Mä déi muss wéinst der sanitärer Kriis nach e Joer waarden. Den Tom Habscheid probéiert, trotzdeem dat Bescht aus der Situatioun ze maachen a mat alle Mëttele weider fit ze bleiwen.
Dem Tom Habscheid seng sportlech Evolutioun an de leschte Joren ass impressionant. Mëttlerweil ass hie Vize-Weltmeeschter an Europameeschter am Diskus a mat der Bomm. Am November huet den Tom Habscheid zu Doha en neie Weltrekord a senger Kategorie gestouss a sech sou säin Ticket fir d’Olympesch Spiller geséchert, mä déi mussen ee Joer méi laang waarden.
“Meng Mental-Trainerin seet ëmmer, ech soll keng Energie dorobber verschwende fir Saachen, déi ech souwisou net ännere kann. Ech kucken dat Ganzt positiv a probéieren, mech weider ze verbesseren.”
Dofir schafft den Tom Habscheid aktuell u senge Schwächten. Am Keller mécht de Liichtathlet Muskulatiounstraining a probéiert seng Grëffkraaft ze stäerken. An dass och d’Bomm flitt, dofir huet de Fernand Heintz gesuergt.
“Mäin Trainer huet mer am Gaart e Réng zesummegebaut. Dat geet och gutt, just dass elo e puer déif Lächer am Gaart sinn.”
Den Tom Habscheid kritt d’Zäit doheem mat senger Fra, zwee Kanner, Kaz an Hënn gutt ëm. De Staatsbeamte schafft fir de groussen Deel doheem.
“Ech muss heiansdo op d’Aarbecht, fir nozepréiwen, ob ech menge Cheffen eppes muss schécken, well si am Télétravail sinn. Soss hunn ech meng sozial Kontakter erofgeschrauft.”
Den Tom Habscheid denkt awer all Dag un déi, déi aktuell mat hirer Aarbecht e wichtegen Déngscht fir d’Allgemengheet leeschten.
An deene seet och hie Merci.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’Ekippesportler