Sprangreiden1. Plaz fir de Victor Bettendorf zu Valencia

RTL Lëtzebuerg
Säi Brudder Basile Bettendorf hat den éischten Tour mat sengem Päerd Chakpori du Gibet e Feeler a koum awer nach op déi gutt 8. Plaz.
© Archiv

De Lëtzebuerger Sprangreider gewënnt e Sonndeg mat sengem Päerd Qwando van de Rispen de Grousse Präis (1.55m) vum CSI3* vun der Moura Tour zu Valencia. Vun de 37 Starter waren nëmme 5 Reider ouni Feeler iwwert den éischten Tour. De Victor Bettendorf war gläich mat zwee Päerd dobäi. Um Enn setzt e sech mam Qwando van de Rispen duerch a gëtt mam Atchoum de la Roque deen Zweeten. Déi drëtte Plaz ass fir den Italiener Giacomo Bassi mat sengem Päerd Cash du Pratel.

De Grousse Präis war eng Quali fir WM 2026 an d EM 2027.

Back to Top
CIM LOGO