MotoGPÉischt Victoire vun der neier Saison geet un de Marco Bezzecchi

RTL Lëtzebuerg
D'Gebridder Marquez hunn de Schwaarz-Wäiss Karéierte Fändel dogéint net gesinn.
Aprilia Racing's Italian rider Marco Bezzecchi celebrates his victory after crossing the finish line during the MotoGP Thailand Grand Prix at the Buriram International Circuit in Buriram on March 1, 2026.
© AFP

Fir den Optakt vun der neier MotoGP Saison ass et fir de Weltmeeschter Marc Marquez a Co. an Thailand gaangen. Zu Buriram konnt sech den Italiener Marco Bezzecchi d’Victoire an der éischter Haaptcourse sécheren. Mat um Podium stoungen de Pedro Acosta an de Raul Fernandez. Fir Ducati-Pilote ronderëm den Titelverdeedeger Marc Marquez war et dogéint eng Course fir ze vergiessen. Souwuel de Marc wéi och den Alex Marquez sinn d’Course net op en Enn gefuer. Dobäi ass den aktuelle Weltmeeschter Marc Marquez vun der 2. Plaz an d’Course gaangen, louch kuerz viru Schluss op der 4. Plaz, éier hien duerch een Defekt um hënneschte Pneu d’Course huet missen opginn.

E Samschdeg stoung schonn eng Sprint Course um Programm, bei där sech de Pedro Acosta virum Marc Marquez konnt duerchsetzen. Duerch des Sprint-Victoire ass de Pedro Acosta och Leader am General mat 32 Punkten, hannendru klasséiere sech de Marco Bezzechi an de Raul Fernandez.

Déi nächste Course gëtt den 22 Mäerz a Brasilien gefuer.

An der Moto2 gouf d’Course vun de Spuenier dominéiert. Hannert dem Gewënner Manuel Gonzalez klasséieren sech mam Izan Guevara, Daniel Holgado an dem Ivan Ortola dräi weider Spuenier. Et war eng spannend Course déi d’Spectateuren an Thailand gebuede kruten an déi bis zum Schluss spannend war. Am Zil hat de Gonzalez, deen 2 Ronne viru Schluss d’Féierung iwwerholl huet, um Enn just 99 Dausendstel Virsprong op de Guevara.

Nach mei enk war et dogéint an der Moto3. Do ass Decisioun am Fotofinish gefall. Um Enn hat den David Almansa 0.003 Sekonne Virsprong op de Maximo Quiles, allebéid aus Spuenien. Op déi drëtte Plaz fiert mat iwwer 9 Sekonne Retard den Argentinier Valentin Perrone.

Um RTL Play fannt Dir d’Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D’Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. Marco Bezzecchi (Aprilia Racing) 39:36.270
2. Pedro Acosta (Red Bull KTM Factory Racing) +5.543
3. Raul Fernandez (Trackhouse MotoGP Team) +9.259

Moto2

1. Manuel Gonzalez (LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP) 11:11.575
2. Izan Guevara (BLU CRU Pramac Yamaha Moto2) +0.099
3. Daniel Holgado (CFMOTO Inde Aspar Team) +0.454

Moto3

1. David Almansa (Liqui Moly Dynavolt Intact GP) 32:14.186
2. Maximo Quiles (CFMOTO Gaviota Aspar Team) +0.003
3. Valentin Perrone (Red Bull KTM Tech3) +9.480

D’WM-Klassement

MotoGP

1. Pedro Acosta 32
2. Marco Bezzecchi 25
3. Raul Fernandez 23

Moto2

1. Manuel Gonzalez 25
2. Izan Guevara 20
3. Daniel Holgado 16

Moto3

1. David Almansa 25
2. Maximo Quiles 20
3. Valentin Perrone 16

Back to Top
CIM LOGO