
E Samschdeg krut et Tornado Lëtzebuerg am Äishockey am éischte vu maximal dräi Playoff Matcher doheem mam Tabellendrëtten vum Grupp B Les Renards de Roanne ze dinn. Ouni den Victor Walden an de Frank Stroppolo hat den Tornado an der Defense relativ schwéier a verléiert um Enn mat 3:6. Elo muss een de nächste Samschdeg auswäerts beim selwechte Géigner gewannen, well een en drëtten an decisive Match erzwéngen. Dëse géif dann direkt Sonndes, och zu Roanne, gespillt ginn.
No engem gudde Start an de Match konnten d’Lëtzebuerger an Ënnerzuel duerch den Nolan Eriksson mat 1-0 a Féierung goen, loungen awer no villen individuelle Feeler an der Defense nom éischten Drëttel mat 1-3 hannen. Nieft de Problemer an der Defense konnt den Tornado och am Stuerm mat Holodkovs an Danylenko virum géigneresche Gol net wierklech geféierlech ginn a louchen no weideren zwee Goler vum Géigner um Enn vum 2. Drëttel mat 1:5 a Réckstand.
Den Tornado huet sech awer net geschloe ginn an huet deene gutt 1000 Spectateure mat 2 Goler vun Holodkovs a Cannon nach eng spannend Schlussphase gebueden. Um Enn sollt et awer net duergoen, an et geet ee mat 3:6 als Verléierer vum Äis.
Sollt den Tornado et net packen zu Roanne déi zwee Matcher ze gewanne wier d’Saison fir d’Lëtzebuerger fréizäiteg eriwwer.