Handball-ChampionnatKäerjeng an Diddeleng séchere sech Ticket fir d'Hallefinall

Yannick Glod
Am Damme-Championnat sinn um leschte Spilldag vum Playoff déi éischt Decisioune gefall. Bierchem erleit e Réckschlag am Kampf ëm de Championstitel.
© Gilles Tricca

Hären

Um zweete Spilldag vum Titel-Playoff gouf et eng fauschtdéck Iwwerraschung: Den HB Käerjeng huet dem HC Bierchem e kräftege Réckschlag am Kampf ëm de Meeschtertitel zougefüügt. D’Ekipp vum jonken Trainer Ben Schuster huet d’Réiserbänner an eegener Hal 38:33 geklappt. Et waren zwee Käerjenger, déi dem Match hire Stempel opgedréckt hunn: den Ognjen Jokic mat 14 Goler an den Amer Karamehmedovic mat 10 Goler.

Bis an d'20. Minutt war de Match verlaf, wéi een et erwaart hat (12:11 fir Bierchem), mee Käerjeng sollt sech bis an d’Paus op 3 Goler ofsetzen (18:15). Si hunn dobäi dovu profitéiert, dass de Raphael Guden ab der 15. Minutt no enger Disqualifikatioun net méi matwierke konnt. D’Réiserbänner hunn nom Säitewiessel wuel versicht, de Réckstand ze verkierzen, dat sollt hinnen awer net geléngen. D’Gäscht hunn hir Féierung gehalen a konnten de Virsprong an der Crunchtime souguer bis op maximal 8 Goler ausbauen. Wann Déifferdeng e Sonndeg géint de Standard gewanne sollt, misst Bierchem 7 Punkten ophuelen.

Den HB Diddeleng huet déi knapp Néierlag vu virun enger Woch géint Bierchem gutt verdaut an dem HB Esch beim 41:31 keng Chance gelooss.

Schonn no enger Véirelstonn war kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe sollt; Diddeleng louch do scho 5 Goler vir. Nach virun der Paus haten d’Fiiss schonn eng Kéier 10 Goler Avance, et sollt awer mat 19:11 aus Diddelenger Siicht an d’Kabinne goen. Ouni den Ojié Etute, dee wéinst senger Blessur net matgewierkt huet, hu säi Brudder Itua, de Josip Ilic an den Aldin Zekan d’Golerschéissen iwwerholl an hu jeeweils 9 Mol getraff.

Den Tabelleleader Red Boys Déifferdeng kritt et e Sonndeg mam HC Standard ze dinn.

An der Relegatioun war et den éischte Spilldag, wou sech de Chev Dikrech souverän mat 33:16 beim HBC Schëffleng duerchgesat huet. Péiteng a Rëmeleng hu sech en haarde Kampf geliwwert, mee um Enn ass d’Ekipp aus dem Käldall mat 37:34 als Gewënner vum Terrain gaangen. Et war den éischte wichtege Match fir d’Esperance, well Péiteng bis dohin all seng Matcher an der Promotioun gewonnen hat.

E Sonndeg gëtt de Spilldag mam Match Miersch géint Leideleng ofgeschloss.


Dammen

Um leschte Spilldag vum Titel-Playoff ass d’Entscheedung gefall, wien nieft dem HB Käerjeng direkt an d’Halleffinall anzéien an domat d’Véierelsfinallen iwwersprange wäert. Den HB Diddeleng huet sech am direkten Duell géint d’Red Boys Déifferdeng dësen zweeten Ticket geséchert. D’Fiiss hunn déi Rout souverän 35:23 geklappt. Schonn no enger Véierelstonn waren d’Gäscht 5 Goler am Avantage (11:6) a konnten dëse bis an d’Paus op 12 Goler (23:11) ausbauen. Bei den Déifferdengerinnen ass am éischten Duerchgang net vill zesummegelaf. Diddeleng huet sech dëse komfortabele Virsprong och an der zweeter Hallschent net méi huele gelooss. Virun allem d’Laura Ciufoli war mat hiren 10 Goler gutt opgeluecht, Déifferdeng sinn déi 9 Goler vun der Sarah Kupke net duergaangen.

Schonn e Freideg hat den HB Museldall 28:27 géint den HB Käerjeng gewonnen an domat déi éischt Victoire am Playoff agefuer. Nodeem et an der Paus ausgesinn hat, wéi wann d’Miselerinnen de Match kloer gewanne géifen - si louchen an der Paus 18:11 vir -, hate sech déi Gréng no 48 Minutten nees bis op 2 Goler erugekämpft (23:21). De Museldall konnt sech awer séier nees op 4 Goler ofsetzen an domat de Match entscheeden. De leschte Gol vu Käerjeng koum ze spéit, fir nach zum Ausgläich ze kommen.

An der Relegatioun huet de Chev Dikrech am leschte Match géint den HC Standard de Kierzere gezunn a soumat eréischt déi zweet Néierlag an dëser Saison kasséiert - déi éischt war an der Coupe géint Käerjeng. Den Heemmatch géint d’Stater goung mat 24:28 verluer, soudass de Standard als Éischten aus der Relegatioun ervirgeet. Domat trëfft de Standard an der Véirelsfinall op den HB Museldall an Dikrech kritt et mat Déifferdeng ze dinn. Dës Matcher ginn am “Best-of-Three"-Modus ausgedroen.

D’Victoire vum HB Esch géint den HC Atert Réiden (32:16) war just nach fir d’Statistik. Béid Ekippe trieden d’nächst Joer an der Promotioun un.

Back to Top
CIM LOGO