
Beim leschte Weltcup-Weekend virun de Weltmeeschterschaften zu Cortina d’Ampezzo huet bei den Hären de Vincent Kriechmayr de Super-G zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland mat 0,17 Sekonne Virsprong op de Matthias Mayer gewonnen. Op déi 3. Plaz um Podium kënnt mat engem Retard vun enger knapper hallwer Sekonn de Schwäizer Marco Odermatt.
Fir de Vincent Kriechmayr war et no der Victoire beim Super-G zu Kitzbühl seng 2. Victoire bannent 2 Wochen a fiert domat als ee vun den Top-Favoritten op Cortina d’Ampezzo.
Bei den Damme gëtt dëse Weekend net méi gefuer. Si si schonn a der Virbereedung op d’Weltmeeschterschaften, déi wéi bei den Häre vum 8. bis den 21. Februar an Italien gefuer ginn.