TennisWat ee Return: Benoit Paire péckt den Hummer aus

RTL Lëtzebuerg
De Benoit Paire huet bei sengem Éischtronnematch beim ATP-Tournoi zu Rotterdam fir e richtegen Highlight gesuergt.
© AFP

No engem Service vu sengem Géigner Aljaz Bedene huet hien de Ball mat geckegen 182 Stonnekilometer zeréckgespillt. Do huet de Slowen net schlecht gestaunt.

Och wann de Paire mat senger Virhand hei de Punkt gemaach huet, huet de Fransous nawell de Match verluer. D'Nummer 19 vun der Welt war dem Bedene mat 2:6 a 4:6 ënnerleeën.

Back to Top
CIM LOGO