MuskelfaserrëssYvandro Borges fält géint Island an d'Slowakei aus

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp ass e Mëttwoch an Island geflunn. E Freidegowend spillt d'FLF-Formatioun an der EM-Qualifikatioun géint d'Islänner.
© Val Wagner (Archiv)

Den Yvandro Borges Sanches ass allerdéngs net mat geflunn. De Spiller vu Gladbach huet eng Blessur um Uewerschenkel. Wéi d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Donneschdeg matgedeelt huet, fält de Spiller vu Gladbach 4 bis 6 Woche wéinst engem Muskelfaserrëss aus. Domadder mussen d’Rout Léiwen och e Méindeg géint d’Slowakei ouni hie spillen.

Back to Top
CIM LOGO