
Am offizielle Communiqué vum Organisateur, gëtt ënnerstrach, dass grad elo, an Zäite vum sanitäre Kontext vun der Pandemie, Kriibspatiente méi wéi soss Ënnerstëtzung brauchen. Et wier wichteg, sech weiderhi géint de Kriibs anzesetzen.
Lafen, trëppelen a pedalléiere fir de gudden Zweck kann ee wéi gesot Samschdes de 27. Mäerz a Sonndes den 28. Mäerz 2021, dat wéini a wou ee wëll. Zil ass et, dass eng Ekipp zesummegerechent 24 Stonnen op de Kont zesummekritt a sou Sue sammelen fir de gudden Zweck.
Genee Infoen iwwert d’Umellen an den Oflaf vum Relais pour la Vie 2021 ginn et hei!