Vuelta: 3. EtappAlt nees eng Sprint-Victoire fir de Sam Bennett

RTL Lëtzebuerg
De Sprinter vu Bora-Hansgrohe ka sech am Massesprint virum Mads Pedersen an dem Daniel Mclay duerchsetzen.
© AFP

De Sam Bennett ka sech no der Victoire vun e Samschdeg och e Sonndeg am Sprint duerchsetzen. Et ass seng 2. Victoire an dräi Deeg an Holland. Den Alex Kirsch gëtt op der 3. Etapp vun der Vuelta de gudden 19. an de Bob Jungels klasséiert sech als 120., allebéid mat der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner.

7 Leit hu sech konnten ofsetzen, ënnert anerem war den Thomas de Gendt (Lotto Soudal) mat am Spëtzegrupp. Hannen am Peloton hu virun allem Alpecin - Deceuninck an Trek - Segafredo fir den Tempo gesuergt, sou dass de Grupp ni méi wéi 2 Minutte Virsprong krut. 11 Kilometer virun der Arrivée ass nees alles zesummegerullt an et soll zum Massesprint kommen. An hei war de Sam Bennett dee Séiersten.

Am General ass den Italiener Edoardo Affini vu Jumbo-Visma neie Leader an ass am Roude Maillot. Den Alex Kirsch ass op der 42. Positioun op 42 Sekonnen an de Bob Jungels läit mat engem Réckstand vu 55 Sekonnen op der 79. Plaz.

E Sonndeg den Owend geet et fir d’Coureuren a Richtung Spuenien.

D’Klassement vun der Etapp

1 BENNETT Sam, BORA – hansgrohe, 4:05:53
2 PEDERSEN Mads, Trek – Segafredo, ,,
3 MCLAY Daniel , Team Arkéa Samsic, ,,
4 COQUARD Bryan, Cofidis, ,,
5 LIENHARD Fabian, Groupama – FDJ, ,,
6 MERLIER Tim, Alpecin-Deceuninck, ,,
7 GROVES Kaden, Team BikeExchange – Jayco, ,,
8 BEULLENS Cedric, Lotto Soudal, ,,
9 ACKERMANN Pascal, UAE Team Emirates, ,,
10 VAN POPPEL Danny, BORA – hansgrohe, ,,
...

19 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
120 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,

De General

1 AFFINI Edoardo Jumbo-Visma 8:20:07
2 OOMEN Sam Jumbo-Visma ,,
3 ROGLIČ Primoz Jumbo-Visma ,,
4 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
5 TEUNISSEN Mike Jumbo-Visma ,,
6 GESINK Robert Jumbo-Visma ,,
7 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:13
8 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:13
9 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 0:13
10 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 0:13
...

42 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 0:42
79 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 0:55

Back to Top
CIM LOGO