Wichteg Roll a "World Tour"-EkippAndy Schleck gëtt Deputy General Manager vun der Ekipp Lidl-Trek

Rich Simon
Den Andy Schleck um Depart vum Schleck Gran Fondo 2024
© Domingos Oliveira

Den Tour de France Vainqueur aus dem Joer 2010 kritt eng Roll am Management vun der Ekipp Lidl- Trek. Hie wäert an den nächste Wochen a Méint un der Säit vum General Manager Luca Guercilena d’Leedung vun der Ekipp iwwerhuelen. An senger Karriär ass den Andy Schleck vun 2011 un op Trek Vëloe gefuer a kritt elo eng wichteg Aufgab an der amerikanescher Ekipp.

Lidl-Trek war déi lescht Saison eng vun deene beschten Ekippen an der World Tour a konnt sech um Enn vun der Saison hannert der Ekipp “UAE Emirates-XRG” an Team “Visma Lease a Bike” op der drëtter Plaz klasséieren. Deen nach bis elo eenzege Lëtzebuerger Coureur an der Ekipp Alex Kirsch huet fir 2026 an der franséischer Ekipp Cofidis ënnerschriwwen.

Virun e puer Wochen hat de Frank Schleck scho bekannt ginn, datt hie vun 2026 un als Directeur Sportif bei de Frae fir Lidl-Trek géif schaffen. Lidl–Trek huet fir 2026 eng däitsch Lizenz ugefrot, dat nodeems sech Lidl d’Majoritéit vun der Parte vun der Ekipp geséchert huet.

Back to Top
CIM LOGO