Camion um Circuit vum TdLAndy Schleck: "Mir wäerte rechtlech Schrëtt aleeden"

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg huet e Camion, deen um Circuit opgedaucht ass, fir vill Opreegung gesuergt.
TDL: Chute wéinst engem Camion
Well e Camion op der Strooss stoung, sinn eng ganz Partie Coureure gefall.

Am Peloton koum et ronn 70 Kilometer virun der Arrivée zu enger Chute am Peloton, wéi bei dem Ausgang vun engem Tunnel e Camion op der lénkser Stroossesäit opgedaucht ass. Eng Partie Coureure kruten ze spéit gebremst a sinn un d’Fale komm. Op de Biller gesäit een, datt de Camion glécklecherweis kee Coureur ze pake krut.

“Mir wäerte rechtlech Schrëtt aleeden!”

Den Andy Schleck, de President vun der Organisatioun vum Skoda Tour de Lëtzebuerg, war no der Etapp veriergert iwwer dëse Virfall an huet annoncéiert, rechtlech Schrëtter wëllen anzeleeden. D’Coureure wieren a Gefor gesat ginn duerch een Eenzelen, dee sech net un d’Consignë vun der Police gehalen hätt, sou nach den Andy Schleck am Interview.

Reaktioun vum Andy Schleck

Chaotesch 2. Etapp

Schonn op der 2. Etapp vum TdL haten d’Coureure gestreikt, well si sech op dem Circuit net sécher gefillt hunn. Déi vill stationéiert Gefierer laanscht de Stroossesäiten souwéi déi sëllege Ween, déi wärend der Course dem Peloton entgéintkomm sinn, haten dozou gefouert, datt d’Fuerer gestreikt hunn an domat d’Course een Ament neutraliséiert gouf. Doropshin gouf fir de Rescht vun den Etappen op ee méi héijen Effektiv bei der Sécherheet gesat, bis et eeben zu deem Virfall mat dem Camion op der leschter Etapp koum.

Cyclissem Video News
Am Tour de France gewënnt den Tadej Pogacar d’Zäitfueren an am Tour de Luxembourg séchert sech den Diego Ulissi d’Schlussvictoire.

LINK: Cyclissem: Sokda Tour de Luxembourg - 2. Etapp: Arnaud Démare wënnt am Sprint, Diego Ulissi weiderhi Leader am General
LINK: Cyclissem: Sokda Tour de Luxembourg: Kron wënnt lescht Etapp, Ulissi séchert sech d’Schlussvictoire

Back to Top
CIM LOGO