Skoda Tour de LuxembourgCoureure streiken, Course neutraliséiert

RTL Lëtzebuerg
Et kommen dem TDL ze vill Autoen entgéint, wat de Coureuren ze geféierlech war, fir Course ze fueren. Dowéinst hu si op der zweeter Etapp gestreikt.
© Gilles Tricca

De sportlechen Direkter vu Leopard huet de Kolleege vum Wort matgedeelt, datt de Coureuren ze vill Autoe géifen entgéintkommen. Esou wéilte si net weiderfueren, well hir Sécherheet net garantéiert wier.
Déi 2. Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg ass neutraliséiert ginn an de Peloton fiert gruppéiert bis op de Schlusscircuit zu Siren. Do gëtt dann op de leschte 40 Kilometer ëm d’Etappevictoire gefuer. D’Arrivée ass zu Hesper.

De Streik ass passéiert e Mëttwoch op der zweeter Etapp kuerz virun 11 Auer. Schonn op der éischter Etapp an der Finall haten d’Coureure reklaméiert, datt hinnen ze vill Trafic op der Streck wier an dat ass hirer Meenung no ze geféierlech. Wéi et den Dag dono net besser goung, hunn d’Sportler decidéiert, fir ze streiken a stoen ze bleiwen.

LINK: Livestream vum Tour de Luxembourg

TDL: Et geet nees weider
Les coureurs repartent pour une étape neutralisée après avoir refusé de prendre la route pour raisons de sécurité.

RTL-News: Presentatioun vun der 80. Editioun vum Tour de Luxembourg

PDF: D'Startlëscht

Back to Top
CIM LOGO