Iwwer 249 km ass et beim Klassiker vun Ypres op Wevelgem gaangen. Déi zwee Lëtzebuerger Alex Kirsch (Trek-Segafredo) a Kevin Geniets (Groupama - FDJ) hunn eng ganz staark Performance gewisen. Se hu sech ëmmer nees am éischte Grupp mat opgehalen an hu ganz vill Aarbecht am Wand geleescht fir hir Co-Equipieren.
25 km virun der Arrivée konnt sech e Grupp vu 4 Coureuren mam Jasper Stuyven, Christophe Laporte, Dries van Gestel an dem Biniam Girmay ofsetzen an hunn hir Avance op de Grupp hannendrun kontinuéierlech op bis zu 37 Sekonnen ausgebaut.
Op de leschte Kilometer hu se ëmmer weider Sekonne verluer mee se konnten awer hir Avance op d’Arrivée retten an am Sprint huet sech iwwerraschend den 22 Joer jonken Biniam Girmay (Intermarché-Wanty-Gobert) aus dem Eritrea duerchgesat. Zweeten gëtt de Christophe Laporte an dem Dries van Gestel.
Den Alex Kirsch gëtt um Enn de 40. mat engem Retard vu 17 Sekonnen an de Kevin Geniets kënnt mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 49 Sekonnen op déi 65. Plaz.
Bei den Dammen hat d’Italienerin Elisa Balsamo (Trek-Segafredo) am Sprint d’Nues vir. D’Hollännerin Marianne Vos (Jumbo-Visma) ass op déi zweet Plaz gefuer. De Podium huet d’Maria Giulia Confalonoieri (Ceratizit-WNT Pro Cycling) komplettéiert. D’Christine Majerus ass mam Peloton op der 35. Plaz iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei de Junioren ass de Mathieu Kockelmann op déi staark 6. Plaz gefuer.
1 Biniam Girmay (Eri) Intermarché-Wanty-Gobert
2 Christophe Laporte (Fra) Jumbo-Visma
3 Dries Van Gestel (Bel) TotalEnergies
4 Jasper Stuyven (Bel) Trek-Segafredo
5 Søren Kragh Andersen (Den) Team DSM +0:08
6 Tim Merlier (Bel) Alpecin-Fenix
7 Mads Pedersen (Den) Trek-Segafredo
8 Ivan Garcia Cortina (Spa) Movistar Team
9 Matej Mohoric (Slo) Bahrain Victorious
10 Arnaud Demare (Fra) Groupama-FDJ
40 Alex Kirsch (Lux) Trek-Segafredo +0:17
65 Kevin Geniets (Lux) Groupama - FDJ +1:49
1 Elisa Balsamo Trek - Segafredo 3:39:15
2 Marianne Vos Team Jumbo-Visma
3 Maria Giulia Confalonieri Ceratizit-WNT
4 Lotte Kopecky Team SD Worx
5 Emma Norsgaard Movistar Team
6 Marta Bastianelli UAE Team ADQ
7 Susanne Andersen Uno-X Pro Cycling Team
8 Tamara Dronova Roland Cogeas Edelweiss
9 Silvia Persico Valcar - Travel & Service
10 Clara Copponi FDJ
35 Christine Majerus Team SD Worx