Skoda Tour de LuxembourgDéi lescht Preparatioune lafen op Héichtouren

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass den Depart vum Tour de Luxembourg, eng éischte Kéier am September an net wéi soss am Juni.
Déi lescht Preparatioune lafen op Héichtouren
En Dënschdeg ass den Depart vum Tour de Luxembourg, eng éischte Kéier am September an net wéi soss am Juni.

Dat hat awer näischt mat der Pandemie ze dinn, ma gouf schonn zejoert Enn August decidéiert. Den Depart vun der 80. Editioun ass fir déi 24 Ekippen en Dënschdeg bei der Coque um Kierchbierg. Iwwer 5 Etappe geet et da queesch duerch d’Land mat der Arrivée e Samschdeg erëm an der Stad um Lampertsbierg.

D’Frënn vum Vëlossport dierfe sech also op déi nächst Deeg freeën, ma nawell ass näischt wéi soss. Mir hunn ons op der Platz live e Bild vun de leschte Preparatioune gemaach an nogefrot, wat een als Spectateur vun dësem méi speziellen Tour wësse muss.

RTL ass fir Iech och live beim Skoda Tour de Luxembourg mat dobäi. Déi 5 Etappe kënnt Dir live op der Tëlee, um Radio an op RTL.lu suivéieren.

RTL-Artikel: Presentatioun vun der 80. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg
RTL-Artikel: 10 Lëtzebuerger um Depart vum Skoa Tour de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO