Cyclocross-WMDuell vun de Weltmeeschteren: Mathieu Van der Poel vs Wout Van Aert

Tim Hensgen
Och wann e Sonndeg kee Lëtzebuerger bei der Elite bei den Hären un de Depart geet, versprécht d'Course grousse Spektakel a Spannung.
Cyclocross-WM: Duell vun de Weltmeeschteren
Och wann e Sonndeg kee Lëtzebuerger bei der Elite bei den Hären un de Depart geet, versprécht d’Course grousse Spektakel a Spannung.

All d’Ae sinn dobäi op den Duell tëscht dem Mathieu Van der Poel an dem Wout Van Aert geriicht. Déi zwee wëllen e Sonndeg zu Ostende fir déi 4. Kéier an hirer Karriär Cyclocross-Weltmeeschter ginn. Et gëtt e Showdown, fir deen et kee wierkleche Favorit gëtt.

Och wann déi zwee eréischt 26 Joer al sinn, ass et en éiwegen Duell. Een, dee sech an de leschte Jore vum Cyclocross och op d’Strooss verlagert huet. Am Cross hat de Mathieu Van der Poel dës Saison bis elo d’Nues vir. 5-3 steet et am direkte Verglach fir den Hollänner, deen awer eng méiglech Favoritteroll konsequent ignoréiert.

“Mäin eigentleche Fokus läit op der Strooss an net ewéi fréier éischter op anere Courssen. Ech hunn am Cyclocross kengem méi eppes ze beweisen.”

Trotzdeem huet hien en Titel ze verdeedegen. Vun 13 Courssen huet den aktuelle Weltmeeschter der dës Saison 9 gewonnen. 3 Mol war de Wout Van Aert méi séier, genee ewéi de leschte Sonndeg bei der Generalprouf zu Overijse. Do hat de Coureur vu Jumbo Visma eng Minutt Avance op säi grousse Konkurrent a konnt sech mat dëser Victoire och de General am World Cup sécheren.

“Cyclocross huet vill mat Konzentratioun op d’Streck an op all klengen Detail ze dinn. Wann ech do just op ee Géigner géif kucken, hätt ech eppes falsch gemaach. Mee natierlech, wann de Mathieu attackéiert, da weess ech wat ech ze maachen hunn. Dat ass ëmmer anescht, ewéi mat mat all anere Coureur”.

An enger Course ka vill passéieren. Trotzdeem ginn d’Experten dovunner aus, dass e Pidcock a Vanthourenhout nëmmen nach em déi 3. Plaz kämpfen an Iserbyt an Aerts just Outsiderchancen hunn. Den eigentlechen Duell heescht Van der Poel vs Van Aert.

An och um Parcours schielt sech do kee Favorit eraus. Dem Mathieu Van der Poel leien éischter Passagen um Grass an dem Wout Van Aert am Sand. Et gëtt deemno eng Course, déi et net ze verpasse gëllt. E Sonndeg live op RTL.lu an op der Tëlee mat de Commentairen vum Tom Flammang an dem Claude Michely.

Back to Top
CIM LOGO