Christine Majerus am RTL-Interview"Et ass een extrem schwierege Circuit"

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg fänkt d'Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Ostende an der Belsch un.
De kompletten Interview mam Christine Majerus
D’Lëtzebuerger Championne schwätzt iwwer de Parcours a wat si sech vun der Course erwaart.

4 FSCL-Vertrieder si mat dobäi. Déi beschte Chancen op ee gutt Resultat huet d’Christine Majerus. Am Prinzip leien d’Weltmeeschterschaften der Lëtzebuergerin ëmmer gutt.

Chistine Majerus am RTL-Interview (1)/Reportage Rich Simon

Reegelméisseg ass d’Christine Majerus ënnert déi 10 éischt gefuer. 2018 zu Valkenburg an Holland war et mat der 4. Plaz esou just net duergaange fir op de Podium.

Dat ass och dëst Joer d’Zil, och wann ech weess, dass et op deem Circuit een Tick méi schwéier gëtt wéi déi Jore virdrun.

Et ginn nämlech Sand-Passagen an déi leien der Lëtzebuergerin net onbedéngt. Déi Erfarung huet d’Christine Majerus dës Saison beim Cyclocross zu Antwerpen gemaach.

RTL-News: Cyclocross-WM zu Ostende - Christine Majerus: Sand-Passage dierft Course entscheeden "Zu Antwerpen war deen eenzege Sandcross, deen ech dëst Joer gefuer sinn. Ech hu geduecht: Sand dat kann ech net. Du sinn ech an den éischten Tour erakomm an ech hunn an der éischter einfacher Passage nëmme Feeler gemaach an et ass ëmmer méi schlecht ginn. Et ass dat, wat een am Sand muss total evitéieren. Soubal, dass de ufänks mat zweiwelen, ass et fäerdeg. Deen eenzege Virdeel, deen d’Streck huet, ass, dass d’Sandstrecken nëmme riicht sinn. Du muss einfach drécken, bis et net méi geet.

De Parcours zu Ostende besteet awer net nëmmen aus Sand.

Den Hippodrome ass extrem schnell. Ech mengen net, dass sech do wäert vill veränneren. D’Bréck ass extrem impressionant mat 21 Prozent. Dat deet wéi och wann et kuerz ass. Virun allem well virdrun an och duerno de Sand ass. Ech menge physesch ass et een extrem schwierege Circuit, wou een zum Schluss nach Reserve muss hunn.

Wat déi 3 éischte Plazen bei der Dammecourse ugeet, ginn et fir d’Christine Majerus och just 3 Nimm, déi a Fro kommen.

Chistine Majerus am RTL-Interview (2)/Reportage Rich Simon

Alvarado, Betsema a Brand wäerte menger Meenung no de Podium sinn. D’Alvarado huet déi leschte Woche gewisen, dass et rëm gutt a Form war. Ech hat et och am Stage a Spuenien gesinn. Et ass warscheinlech och dohannen op der Plage gutt ronderëm gerannt, wat ech net gemaach hunn. Hätt ech awer villäicht sollten. Et huet mental de leschte Weekend mat zwou Victoirë gewisen, dass et prett ass.

Bei den Häre ginn et fir d’Christine Majerus mam Wout van Aert a Mathieu van der Poel just 2 Leit, déi a Fro komme fir de Weltmeeschtertitel.

Et wäert knapps ginn. Ech ka mech net aus der Fënster leeën a soen, wien e Sonndeg vir ass. Et wäert eng spannend Course ginn. Och fir déi 3. Plaz ginn et 3-4 Kandidate fir déi leschte Plaz um Podium. Also e Sonndeg sinn ech doheem an da kucken ech.

Nieft dem Christine Majerus ginn och nach d’Maïté Barthels bei den U23-Dammen an de Loïc Bettendorff an de Cédric Pries bei den U23-Hären zu Ostende un de Depart. Bei der Elite ass dëst Joer kee Lëtzebuerger mat dobäi.

De Michel Wolter am RTL-Interview
Hie schwätzt iwwer de Parcours an dem Christine Majerus seng Chancen.

D’Course vum Christine Majerus iwwerdroe mir e Samschdeg vu 15 Auer u live op der Tëlee. An och d’Haaptcourse vun den Häre kënnt Dir bei eis e Sonndeg op der Tëlee live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO