
De 27 Joer alen neie Lëtzebuerger Champion fiert no 2022 an 2023 deemno déi drëtte Kéier bei der Grande Boucle mat.
Anescht gesäit dat fir den Alex Kirsch aus. Den 32 Joer ale Profi gouf, no senger Blessur um Knéi, net vu senger Ekipp Lidl-Trek selektionéiert. Den Tour de France fänkt e Samschdeg zu Florenz an Italien un.