E Sonndeg war zu Harel de leschten Dag vum nationale Championnat am Cyclissem op der Strooss.

Am Cyclissem gouf et op Nationalfeierdag beim Championnat zu Harel eng Victoire fir de Kevin Geniets. De Coureur, dee bei de Meeschterschafte fir de VC Schëffleng un den Depart goung, konnt sech virum Mats Wenzel an dem Alexandre Kess duerchsetzen. Allen dräi sinn an der selwechter Zäit iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer.

An der Course vun der Elite hunn den Alex Kirsch an de Bob Jungels gefeelt. Den Alex Kirsch huet no senger Chute am Dauphiné nach ëmmer e puer Problemer mam Knéi. De Bob Jungels ass mat senger Ekipp am Stage a preparéiert do den Tour de France. Deemno konnt ee gespaant sinn, wie sech den Titel op deem schwéiere Parcours ronderëm Harel konnt sécheren. 
 
Um 13.30 Auer goufen d'Coureuren op de ronn 18 Kilometer laange Parcours geschéckt. 8 Tier waren op dësem ze fueren. D'Aen waren domat op de Kevin Geniets geriicht. De Coureur vu Groupama-FDJ hat 2021 op deem selwecht Parcours den Titel gewonnen, hat awer e Sonndeg eng zolidd Konkurrenz. Den éischte Coureur, dee sech aus dem Peloton konnt ofsetzen, war de Philippe Schmit. De Coureur vum Team Snooze krut séier iwwer eng Minutt Avance. D'Reaktioun vun de Favoritten ass awer net ausbliwwen. Am 2. Tour scho gouf et eng éischt Selektioun. Nodeems de Philippe Schmit agefaange war, sinn am éischte Grupp nach eng Ronn 20 Coureuren Iwwreg bliwwen. Geniets, Wenzel, Ries, Kluckers a Co hu sech net geschount an en héijen Tempo ugeschloen. Sou héich, datt am Laf vun den Tier ëmmer méi Coureuren hu misse lassloossen.

An de  der Finall goufen et an de leschten 2 Tier ëmmer nees Attacken. Dës hunn dozou gefouert, datt se nach zu 7 op déi lescht 18 Kilometer gaange sinn. Am leschte Kilometer gouf sech belauert, de Kevin Geniets huet de Sprint eng 200 Meter virun der Arrivée lancéiert an hat genee wéi 2021 déi bescht Reserven. De Coureur vu Groupama FDJ war méi séier wéi de Mats Wenzel an den Alexandre Kess. Beschte Coureur ouni Kontrakt war den Arno Wallenborn, dee sech als 6. konnt klasséieren an deen an der Schlussphas eng offensiv Course gefuer ass. Hei sinn d'Plazen 2 an 3 fir de Charel Meyers an de Mats Berns.

Marie Schreiber Championne bei den Dammen

Bei den Damme konnt sech d'Marie Schreiber an de Palmarès androen an dréit de Lëtzebuerger Meeschtertrikot elo op hire Schëlleren. Déi 21 Joer jonk Profisportlerin konnt sech deemno virun der laangjäreger Championne Christine Majerus an der Nina Berton am Sprint duerchsetzen. Des dräi Dammen hate sech am zweete vun am ganze véier Tier ofgesat.

D'Christine Majerus war beim Championnat op der Strooss zanter 2010 ongeschloen.

Arnaud Noirhomme a Gwen Nothum Champione bei de Junioren 

Bei de Juniore geet de Championstitel un den Arnaud Noirhomme. Hie behaapt sech an der selwechter Zäit géint de Lenn Schmitz an de Flavio Astolfi an de Jonah Flammang-Lies. Beschte Coureur ouni Kontrakt war den Arno Wallenborn, dee sech als insgesamt 6. klasséiert huet. D'Plazen 2 an 3 si fir de Charel Meyers an de Mats Berns.

Bei de Juniorinne geet den Titel un d'Gwen Nothum, dat virum Lena Lallemang. Bei de Junioren hat den Arnaud Noirhomme déi beschte Been. Hien huet sech am Sprint virum Lenn Schmitz an dem Flavio Astolfi behaapt. Bei de Masters goung den Titel un d'Suzie Godart.

Hei fannt Dir d'Resultater vum Sonndeg.

E Freideg hat sech d'Christine Majerus fir d'18. Kéier de Championstitel am Zäitfuere geséchert. Bei den Häre stoung den Arthur Kluckers fir d'éischte Kéier ganz uewen um Podium.

Schonn en Donneschdeg war d'Stroossecourse bei de Masters, den Debutanten, de Cadets an de Minimes gefuer ginn.