E Méindeg huet d'Ekipp Lidl-Trek hir aacht Coureure fir den Tour de France bekannt ginn. Op der Lëscht feelt den Alex Kirsch.

De Lëtzebuerger Champion vum leschte Joer war am Critérium du Dauphiné gefall an hat sech um Knéi blesséiert. Fir d'Lëtzebuerger Championnat hat den Alex Kirsch misse Forfait erklären. Den Alex Kirsch gëtt duerch de Jasper Stuyven remplacéiert. De Kevin Geniets an de Bob Jungels dierften an nächster Zäit vun hiren Ekippe confirméiert ginn.

Chute 5. Etapp Critérium du Dauphiné
En Donneschdeg gouf et op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné eng Chute, an déi quasi de ganze Peloton verwéckelt war.