Cyclissem: Paris - NiceLuke Lamperti wënnt éischt Etapp am Sprint

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg u geet et iwwer aacht Deeg aus dem Departement des Yvelines a Richtung Côte d'Azur.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

E Sonndeg gouf déi 84. Editioun vu Paris - Nice lancéiert. Se goung iwwer 170,9 Kilometer vun Achères am Departement des Yvelines op Carrières-sous-Poissy a gouf vum Luke Lamperti gewonnen. Den Amerikaner konnt sech mat e puer Meter Virsprong géint de Vito Braet an den Orluis Alberto Aular Sanabria duerchsetzen. Hien ass domat de Successeur vum Tim Merlier, deen 2025 déi éischt Etapp gewanne konnt.

Fréi hat sech eng Echappée vu sechs Coureure vum Peloton ofgesat (ë.a. Sébastien Grignard, Mathis Le Berre, Patrick Gamper). Dës huet sech och méi laang wéi erwaart un der Spëtzt gehalen, gouf awer zwee Kilometer virun der Arrivée agefaangen. Duerno hu sech d’Ekippe fir de Sprint positionéiert. Et koum soumat zu der spannender Finall, déi ee sech am Virfeld op dem Circuit mat e puer gëftege Koppen erwaart hat.

Mam Arthur Kluckers an dem Alex Kirsch sinn och zwee Lëtzebuerger bei Paris - Nice um Depart. De Lëtzebuerger Champion gouf den 125. an de Kirsch koum als 146. op der Arrivée un.

E Méindeg geet et iwwer 187 Kilometer vun Épône op Montargis. Och dës Course kënnt Dir nees op RTL.lu am Livestream suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO