
Aacht Joer no hirem leschte Weltmeeschtertitel am Cyclocross huet d’Marianne Vos e Samschdeg hir aacht Goldmedail an dëser Disziplin gewonnen.
Zu Fayettville am Arkansas konnte sech an der Dammecourse mam Lucinda Brand, Ceylin del Carmen a Marianne Vos direkt an der 1. Ronn 3 Athletinne vum Rescht vum Feld ofsetzen. D’Ceylin del Carmen konnt no 3 Ronnen den Tempo vu Brand a Vos net méi matgoen, sou dass d’Entscheedung ëm de WM-Titel tëscht deenen 2 Athletinne gefall ass. An engem epesche Krimi hu béid Cyclistinnen hirer Géignerin alles ofverlaangt. Ofsetze konnt sech awer keen, sou dass d’Entscheedung am Sprint huet misse falen. Hei konnt sech schlussendlech d’Marianne Vos duerchsetzen a sech Gold sécheren. Sëlwer goung un d’Lucinda Brand.
Op déi 3. Plaz ass d’Italienerin Silvia Persico gefuer. Si konnt sech an der leschter Ronn vun der Hollännerin Ceylin del Carmen, déi gefall ass, ofsetzen a ka sech domat iwwer d’Bronzemedail freeën.
Bei den Häre konnt sech an der U23-Course de Belsch Joran Wyseure duerchsetzen. Am Zil hat de jonken Athlet e Virsprong vun 13 Sekonnen op säi Landsmann Emiel Verstrynge. Op déi 3. Plaz kënnt mam Thibau Nys e weidere Belsch.
Fir Lëtzebuerg ass mam Marie Schreiber just eng Athletin an Amerika gereest. Déi 18 Joer jonk Cyclistin wëll e Sonnden an der Espoirs-Kategorie eng Top-10-Placéierung realiséieren.
E Sonndeg kënnt Dir vu kuerz virun 20.00 Auer u live op der Tëlee an op RTL.lu d’U23-Dammecourse mat Commentaire vum Tom Flammang a vum Tim Hensgen kucken.
1. Marianne Vos NEL 55:00
2. Lucinda Brand NEL0:01
3. Silvia Persico ITA 0:51
4. Ceylin del Carmen Alvarado NEL 1:04
5. Yara Kastelijn NEL 1:05
6. Manon Bakker NEL 1:05
7. Maghalie Rochette CAN 1:39
8. Hélene Clauzel FRA1:59
9. Inge van der Heijden NEL 1:59
10. Sanne Cant BEL 1:59