CyclocrossMarie Schreiber gewënnt den internationale Kleeberg Cross

RTL Lëtzebuerg
D'Letzebuergerin setzt sech e Sonndeg zu Mechelen an Holland virum Denise Betsema duerch. D’Maité Barthels fiert op déi 14. Plaz.
D'Marie Schreiber huet sech de Weekend a gudder Form gewisen
© Supporterclub Marie Schreiber / Facebook (Archiv)

Erfollegräiche Weekend fir d’Marie Schreiber. No der Victoire e Samschdeg um Cyclocross zu Dippech huet si um Sonndeg och de Kleeberg Cross zu Malines an der Belsch bei der Elite gewonnen. 53 Minutten a 16 Sekonnen huet d'Lëtzebuergerin gebraucht. Op d'Plazen zwee an dräi fuere mam Denise Betsema a Puck Langenbarg 2 Hollännerinne mat 20 respektiv 91 Sekonne Retard iwwert de wäisse Stréch.

D’Maité Barthels koum mat engem Réckstand vun iwwer 5 Minutten op déi 14. Plaz.

Bei den Hären gouf et eng Victoire vum Wout Janssen virum Yordi Corsus a Giel Lejeune. Domatt stinn 3 Belsch um Podium.

D'Top 5 bei den Dammen

1 SCHREIBER Marie 53:16
2 BETSEMA Denise 0:20
3 LANGENBARG Puck 1:31
4 BROUWERS Julie 1:45
5 MOS Anniek 1:57

14 BARTHELS Maité 5:17

Back to Top
CIM LOGO