Tour de France - 4. EtappMark Cavendish wënnt am Sprint

RTL Lëtzebuerg
No der 4. Etapp bleift de Mathieu van der Poel am giele Maillot.

En Dënschdeg ass et op der 4. Etapp vum Tour de France iwwer 150,4 Kilometer vu Redon op Fougères gaangen. Um Enn war et ganz spannend. Op de leschten 200 Meter gouf mam Brent van Moer eréischt dee leschte Mann vun der Echappée vum Dag agefaangen. De Mark Cavendish konnt sech dunn am Sprint d’Victoire sécheren. Fir de Britt ass et déi 31. Etappevictoire beim Tour de France. Hie läit domadder just nach dräi Victoiren hannert dem Eddy Merckx, deen de Rekord aktuell hält. Op d’Plazen 2 an 3 sinn en Dënschdeg den Nacer Bouhanni an de Jasper Philipsen gefuer.

Am General bleift de Mathieu van der Poel a Giel.

En Dënschdeg gouf et iwwerdeems och eng Protestaktioun vun de Coureuren, datt no de ville Chutten an de leschte Wochen. 900 Meter nom Start zu Redon ass de Peloton stoe bliwwen, ass kuerz an de Streik getrueden an huet den Dialog mat alle Bedeelegte gefuerdert. D’Coureure sinn nämlech der Meenung, datt d’Chutten deels hätte kéinte verhënnert ginn.

Mark Cavendish wënnt déi 4. Etapp
Mark Cavendish wënnt Etapp am Sprint, Van der Poel weiderhi Leader.

E Mëttwoch kënnt Dir déi 5. Etapp nees wéi gewinnt op der Tëlee an am Stream op RTL.lu kucken. Invité am Studio beim Tom Flammang an dem Kim Kirchen ass de Bob Jungels.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Mark CAVENDISH MARK CAVENDISH 55 DECEUNINCK - QUICK - STEP 03h 20' 17'’
2 Nacer BOUHANNI NACER BOUHANNI 132 TEAM ARKEA - SAMSIC 03h 20' 17'’
3 Jasper PHILIPSEN JASPER PHILIPSEN 105 ALPECIN - FENIX 03h 20' 17'
4 MICHAEL MATTHEWS 171 TEAM BIKEEXCHANGE 03h 20' 17'’
5 PETER SAGAN 71 BORA - HANSGROHE 03h 20' 17'’
6 CEES BOL 143 TEAM DSM 03h 20' 17'’
7 CHRISTOPHE LAPORTE 95 COFIDIS 03h 20' 17'’
8 MADS PEDERSEN 45 TREK - SEGAFREDO 03h 20' 17'’
9 BOY VAN POPPEL 215 INTERMARCHE - WANTY - GOBERT MATERIAUX 03h 20' 17'’
10 ANDRÉ GREIPEL 34 ISRAEL START-UP NATION 03h 20' 17'’

D’Top 10 vum General

1 Mathieu VAN DER POEL MATHIEU VAN DER POEL 101 ALPECIN - FENIX 16h 19' 10'’
2 Julian ALAPHILIPPE JULIAN ALAPHILIPPE 51 DECEUNINCK - QUICK - STEP 16h 19' 18'’ + 00h 00' 08'’
3 Richard CARAPAZ RICHARD CARAPAZ 22 INEOS GRENADIERS 16h 19' 41'’ + 00h 00' 31'’
4 WOUT VAN AERT 12 JUMBO - VISMA 16h 19' 41'’ + 00h 00' 31'’
5 WILCO KELDERMAN 73 BORA - HANSGROHE 16h 19' 48'’ + 00h 00' 38'’
6 TADEJ POGACAR 1 UAE TEAM EMIRATES 16h 19' 49'’ + 00h 00' 39'’ B : 11'’
7 ENRIC MAS 65 MOVISTAR TEAM 16h 19' 50'’ + 00h 00' 40'’
8 NAIRO QUINTANA 136 TEAM ARKEA - SAMSIC 16h 19' 50'’ + 00h 00' 40'’
9 PIERRE LATOUR 201 TOTALENERGIES 16h 19' 55'’ + 00h 00' 45'’
10 DAVID GAUDU 81 GROUPAMA - FDJ 16h 20' 02'’ + 00h 00' 52'’

Quiz

Back to Top
CIM LOGO