Probleemer mat Iliaque-VenMichel Ries fält wéinst Operatioun aus

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Coureur Michel Ries muss sech zu Lyon enger Operatioun ënnerzéien.
De Michel Ries hei nach am Trikot vun Trek-Segafredo.
De Michel Ries hei nach am Trikot vun Trek-Segafredo.
© Roland Miny / pressphoto / Archiv

D’Ekipp Arkéa Samsic deelt mat, dass sech de Michel Ries enger Operatioun un der Iliaque-Ven ënnerzéie muss. Dës Operatioun wäert de 14. Dezember zu Lyon vum Professer Feugier duerchgefouert ginn.

Et handelt sech bei dëser Operatioun ëm eng Endofibrose, enger Verengung vun der Beckenarterie, déi heefeg bei Cyclisten optrëtt. Ënner anerem huet de Bob Jungels Mëtt vun dësem Joer aus dem nämmlechte Grond mussen operéiert ginn.

Wéi laang de Michel Ries duerch dës Operatioun ausfale wäert, ass nach net kloer.

Back to Top
CIM LOGO