Virun 11 Deeg hat d’Ekipp AG2R-Citroën offiziell matgedeelt, dass de Bob Jungels net un den Depart vum Tour de France geet.
De fréiere Léck-Baaschtnech-Léck-Gewënner hat Problemer mat der Iliaque-Ven. Bei vollem Effort sinn déi zwee Been net méi richteg duerchblutt ginn a sinn ugeschwollen. Et war dann onméiglech, nach Kraaft op d’Pedallen ze kréien. Mat Momenter ass de Coureur vun AG2R-Citroën nëmme mat 60 Prozent vu senge Kapazitéite gefuer.
Mëttlerweil ass de Bob Jungels d’lescht Woch 2 Mol an der Belsch opréiert ginn. D’Operatiounen e Mëttwoch an e Freideg si gutt verlaf. De Lëtzebuerger muss 4 Woche komplett Paus maachen. No ronn 2 Méint kann hie seng Been erëm zu 100 Prozent belaaschten.
D’Dokteren erwaarden, dass de Bob Jungels erëm ganz fit gëtt an de Profi hofft, dann och säi Potential integral ofruffen ze kënnen.
De Lëtzebuerger Vëlosprofi huet dann och op déi 5. Etapp vum Tour de France gekuckt a war hei beandrockt vum Tadej Pogacar, dee sech däitlech am Contre la montre duerchgesat huet.
De Slowen hat nom Contre la Montre iwwer 27,2 Kilometer vu Changé op Laval eng Avance vun 19 Sekonnen op de Schwäizer Stefan Küng. De Bob Jungels, dee wéinst enger Blessure dëst Joer net dobäi ass, huet d’Etapp fir eis matkommentéiert a war begeeschtert, wat hie vum Pogacar gesinn huet.
Ganz erstaunlech wéi hie mat där ganzer Situatioun ëmgeet! D’Fro, déi sech stellt, ass déi, wéi een hien aus der Reserv gelackt kritt? Am Moment ass et schwéier fir eng Méiglechkeet ze gesinn. Mä den Tour ass extrem laang. Fir mech ass et bal esou iwwerraschend, wéi dat Zäitfuere wat hien dat leschte Joer am Tour gemaach huet. Mol kucken, wat elo um Weekend geschitt. INEOS a JUMBO hate sech dat warscheinlech anescht virgestallt.