Eng Rei Lëtzebuerger Coureuren am AsazBob Jungels 27. an der Algarve, Mathieu Kockelmann op Plaz 14 a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Am Cyclissem waren e Samschdeg e puer Lëtzebuerger Coureuren international am Asaz.
© AFP (Archiv)

Den Artur Kluckers gouf op der 6. Etapp vum UAE Tour an de Vereenegten Arabeschen Emirater den 81.. Fir den Alex Kirsch stoung donieft déi 4. Etapp vun der Vuelta Andalucia a Spuenien um Programm. De Coureur vu Cofidis koum um Enn op déi 94. Plaz. Souwuel de Kluckers wéi och de Kirsch hunn e Sonndeg nach eng lescht Etapp an hire respektive Courssen ze fueren.

Donieft waren de Mathieu Kockelmann an de Kevin Geniets beim Classic VAR, enger Een-Dages-Course a Frankräich, um Depart. No ronn 177 Kilometer vum La Garde op Brignoles war de Franous Jason Tesson am Sprint de Séiersten. De Mathieu Kockelmann gouf zäitgläich de 14.. De Kevin Geniets koum mat engem Retard vun 29 Sekonnen op Plaz 46.

Fir de Bob Jungels an de Luc Wirtgen stoung um Samschdeg déi 4. Etapp beim Tour duerch d’Algarve a Portugal um Programm. No ronn 176 Kilometer war de Fransous Paul Magnier dee Séiersten. De Bob Jungels koum zäitgläich op Plaz 27. De Luc Wirtgen gouf mat engem Retard vu 25 Sekonnen den 116.. Am General ass de Juan Ayuso vir. De Jungels ass do den 81. an de Wirtgen den 112.. E Sonndeg gëtt och hei déi lescht Etapp gefuer.

Back to Top
CIM LOGO