Wenzel, Kockelmann a Kluckers am PortraitPreparatiounen an der spuenescher Sonn fir déi nei Saison

RTL Lëtzebuerg
D'Zil vun deenen dräi Lëtzebuerger ass et, sech dës Saison an hire jeeweilegen Ekippen ze verbesseren an deen een oder anere grousse Rendez-vous am Kalenner matzefueren.

Fir d’Preparatioun op déi nei Saison gi sech d’Vëlosecurien traditionell Rendez-vous a Spuenien. Mat dobäi sinn och d’Lëtzebuerger Arthur Kluckers, Mathieu Kockelmann a Mats Wenzel.

Den 22 Joer jonke Wenzel hätt seng Stäerkten a Bierger, déi net allze laang sinn, wéi zum Beispill d’Ardennen. Do wëll hie sech beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck weisen, well soss fiert seng Ekipp Kern Pharma just Courssen a Spuenien op World-Tour-Niveau. Nieft dem Rendez-vous laanscht d’Lëtzebuerger Grenz am Abrëll huet de Wenzel och d’Vuelta als Zil.

De Mathieu Kockelmann konnt säi Kënnen de 5. Februar schonn ënner Beweis stellen, wéi hien eng Etapp vun der Etoile de Bessèges gewonnen huet. Den neie Coureur vu Lotto-Intermarché, deen och 22 Joer al ass, konnt 2025 eng Etapp beim Tour de Luxembourg an och beim Tour de l’Avenir gewannen a wëll dorop opbauen.

Beim UCI-Pro-Tour-Team Tudor stinn de Luc Wirtgen an den Arthur Kluckers ënner Kontrakt. De 25 Joer ale Lëtzebuerger huet 2026 als Zil, säin nationale Meeschtertitel ze verdeedegen, deen hien d’lescht Joer zu Mäerzeg gewanne konnt. Seng Ecurie Tudor huet och schonn annoncéiert, dass si dëst Joer bei den dräi groussen Touren a bei méi Klassiker un den Depart goe wëllen.

Back to Top
CIM LOGO